Treff de Pascal Espen

Wëllkomm op menger Websäit,mäi Numm ass Pascal Espen.

Si geleierte Maschinneschlässer,an hunn och de Parcours als Meeschter Bauschlässer hannert mer.Meng Karriäre huet Ugefaange am Privatsecteur,wou ech meng Erfarunge an dem Beräich gesammelt hunn.De Schrëtt duerno war Decisioun mat 3 Kolleegen di an dem selwechte Beruff geschafft hu,sech Selbstänneg ze maachen.Dëst war eng Schéin Zäit,vun der ech Vill Schéin Erënnerunge zréck behalen.
De Betrib ass wierklech gutt gelaf, d’Bestellungen koumen reegelméisseg a mir waren ganz rentabel, awer d’Geschäft huet vill ze vill Zäit an Usproch geholl. Ech hunn all Dag 12-16 Stonnen an dem Betrib verbruet.Kéng Zäit méi fir Famill,an u Hobbyen war guer net ze denken.Och wann dësen Deel vu mengem Liewen näischt aneschters war,wéi e schéint Erliefnes,hunn ech beschloss erëm an di normal Aarbechtswelt zréck ze goe.

Nodeems ech zréck an der normaler gereegelter Aarbechtswelt war,hunn ech ëmmer bedauert datt ech dee Réckzuch aus der Selbststännegkeet gemaach hat.2014 sinn ech dunn als éischt opmierksam gi,an engem Artikel an der Zeitung, iwwer Blockchain Technologie a Kryptowärungen.Mech huet dat ganzt esou faszinéiert,dat ech ugefaangen hunn mech mat dem Thema ze beschäftegen.Bis haut sinn ech net midd ginn Fuerschunge an Erfarunge iwwer dat Thema ze sammelen.

 

D´Blockchain Technologie wäert eis Welt fir ëmmer veränneren; den Internet aus de 90er Joren ass näischt dogéint.An der Wirtschaft an am Finanzsystem erliewe mer grad e drastesche Ëmbroch.Di meescht Leit kréien dat net mat,well se einfach ze vill mat aner Saache beschäftegt sinn.

Aus der Entwécklung an der Noutwendegkeet Mënschen iwwer dat Thema opzeklären,ass des Organisatioun entstane.Dëst huet mer erëm Hoffnung,an Passioun fir Selbststännegkeet gestäerkt.

Dir wëllt méi iwwer dat Thema wëssen?

Start andeems Dir eng GRATIS Consultatioun mat dem Expert plangt.