Crypto Community Luxembourg

Wëllkomm an der Gemeinschaft vu de Krypto & Blockchain Enthusiasten

Wien/Wat ass Crypto Community Luxembourg?

Crypto-Community-Luxembourg ass eng ASBL Associatioun ouni Gewënnzweck, registréiert am Handelsregister vu Lëtzebuerg (RCS) D’Associatioun ass gegrënnt gi fir déi ëmfaassend Adoptioun vun de DLT a Blockchain Technologien ze promoten. Kryptowärungen sinn déi bescht Alternativ zu Fiat Währungen, wat aus dem aktuellen Zoustand vun opkomende Maartméiglechkeeten,an dem Opstig vun der Kryptoindustrie resultéiert. Mir ënnerstëtzen an iwwerwaachen d’Entwécklunge vum Maart vum Ufank un. D’Zäit ass komm fir Emzedenken, dofir bidde mir Ënnerstëtzung an Informatioun, Servicer an Ausbildung iwwer d’Virdeeler vum Kryptowärungs Maart.

Eis Missioun

Blockchain Technologie bitt eng breet Palette vu potenziellen Uwendungen mat engem staarke Potenzial fir eng wirtschaftlech Revolutioun weltwäit ze schafen. Blockchain ass d’Plattform déi all Kryptowärung,oder soss Date schafft. Iwwer d’Joren huet Blockchain sech a verschidden nëtzlech Applikatiouns Beräicher entwéckelt,an ausgebaut. Eis Missioun ass et Mënsche korrekt iwwer dat Thema opzeklären,an hinnen Ausbildung a Servicer iwwer dës erstaunlech Technologie ze liwweren.

Léiert alles Iwwer Blockchain

Wat ass Blockchain

Blockchain ass d’Instrument fir sécher Date ze späicheren. An der éischter Phase gouf Blockchain populär wéinst dem Opstig vu Kryptowärunge. Blockchain Technologie huet eng ganz hell Zukunft an verschiddenen Felder an Industrien.

Wéi funktionnéiert Blockchain?

Blockchain ass e séchere Wee fir Daten ze späicheren, wou d’Donnéeën a Blocks opgedeelt sinn, an d’Blocks wéi an enger Kette matenee verbonne sinn, dofir den Numm “Blockchain”. Awer loosst eis elo kucken wéi Blockchain funktionnéiert.

An Blockchain investéieren

Vill Leit mengen datt Blockchain näischt méi ass,wéi en Trend. Awer Blockchain Technologie gëtt all Joer méi populär a beweist datt et wierklech de Potenzial huet fir d’Welt z’änneren.

Dir wëllt méi iwwer dat Thema wëssen?

Start andeems Dir eng GRATIS Consultatioun mat dem Expert plangt.

Scheckt eis e Message

Wann Dir Froen iwwer Blockchain oder Kryptowärunge hutt,dann schéckt eis e Message, mir wäerten Iech sou séier wéi méiglech äntweren!

Decentralized Finance

Kuerz formuléiert steet DeFi fir dezentraliséiert Finanzen,also dezentraliséiert Finanzmäert. Am Géigesatz zu de klassesche Finanzmäert baséieren DeFi Projekter op der Blockchain,bei der Transaktioune automatesch duerch smart Kontrakter ofgeweckelt an ausgefouert ginn. Smart Kontrakter si digital Verträg déi am Programmcode programméiert sinn,an Domat Menschlech oder manuelL Transaktioune ersetze kennen.